
Rendez-vous fir d’Präisiwwerreechung ass de 7. Juni 2024, dëst an der Philharmonie, woumat een dann am eegenen Haus ausgezeechent gëtt. Bal 100 Museker aus méi wéi 25 verschiddene Länner gehéieren zum Orchester.

Den europäesche Kulturpräis gëllt als ee vun de wichtegsten an Europa. De Fokus läit net just op dem kënschtleresche Kënnen, ma och op engem breede gesamtgesellschaftlechen Engagement vun de jeeweilege Laureaten a Laureatinnen.