Sou kann een déi aktuell Ausstellung vun Esch2022 an der Massenoire op Esch-Belval kuerz beschreiwen. An der Expo “Respire, pour un design climatique” ginn d’Klima, den Design an d’Ootmung mateneen a Verbindung gesat.
De Sauerstoff ass fir eist Liewen essentiell. 15 m3 Loft ootme mir pro Dag, 20m3 d’Athleten. An dëser Expo gëtt déi natierlechst an automateschst Aktivitéit vum Mënsch analyséiert: seng Ootmung. D’Françoise Poos, Artistesch Direktesch Esch 2022:
“D’Fro ass hei wierklech, wat ass dat iwwerhaapt, wat een all Dag anotemt, wéi gutt ass déi Loft, déi mir anootmen respektiv wat kann een och maachen individuell a kollektiv, fir d’Qualitéit vun der Loft och ze verbesseren.”
D’Expo gouf an Zesummenaarbecht mat der Ensad (Ecole supérieure d’Art et de Design) vun Nanzech an dem franséische Kulturministère an d’Liewe geruff. D’Sciencen treffen hei op den Design. Objeten aus Hanff a Weiden, déi vun de jonken Designer entwéckelt gi sinn, weise wéi nohalteg Produiten hiergestallt kënne ginn.
Den Hanff ass villsäiteg an ass hëllefräich, fir d’Biodiversitéit erëm opzebauen an ze erhalen. D’Elise Bougelet, Project Manager vun Esch 2022.
“C’est une culture qu’on va planter entre deux autres dans un cycle agricole, parce qu’on va permettre, de remettre à jour, de ressourcer la terre sur laquelle on la plante donc déjà très utile. Elle amène une très grande biodiversité au niveau de la flore et de la faune, notamment au niveau des insectes.”
D’Planz ass ganz onkomplizéiert, well se net onbedéngt Pestizide brauch, fir ze wuessen. Och d’Qualitéit vun der Loft ka mam Hanff verbessert ginn.
“Un are de chanvre en terme d’impact sur l’air a les mêmes qualités qu’un are de forêt vierge. Ce qu’il ne faut pas sous-estimer, quand on veut essayer d’améliorer la qualité de l’air. Et enfin du chanvre peut-on utiliser toutes les parties, donc vraiment autant la paille que la graine peuvent être utilisées pour ensuite fabriquer différents types de matériaux.”
Nieft der Expo an der Massenoire, fënnt een och een Escape Room zum Thema Nohaltegkeet. Et ass ee Rollespill a Liewensgréisst, an deem et drëms geet, a 60 Minutten Rätselen ze léisen, fir dono kënnen aus dem Raum ze flüchten.
“En fait, on veut sensibiliser les gens au développement durable et plus particulièrement par rapport à la production et la consommation responsable. Donc en fait les Nations Unies ont mis en place 17 objectifs de développement durable à atteindre d’ici 2030 et le numéro douze, c’est sur la consommation et la production responsable.”
8 Joer hu mir also nach Zäit fir d’Ziler vun de Vereenten Natiounen ze erreechen. D’Expo an den Escape Room kënnen eis gutt Impulser dofir ginn. D’Expo dauert nach bis de 25. September.