Aktiounshaus Sotheby"Femme à la montre" vum Picasso fir iwwer 139 Milliounen Dollar verkaaft

RTL Lëtzebuerg
Dëst ass déi zweethéchsten Zomm, déi jeemools fir e Wierk vum spuenesche Kënschtler erziilt gouf.
© ANGELA WEISS AFP

Dëst Bild ass en Deel vun der Sammlung vun der Konschtsammlerin Emily Fisher Landau, déi dëst Joer am Alter vun 102 Joer gestuerwen ass. Aner Stécker vun dëser Sammlung kommen am Laf vun der Woch och nach ënnert den Hummer.

De Portrait ëm deen et bei dëser Aktioun goung, ass aus dem Joer 1932 a weist déi franséisch Molerin Marie-Therese Walter, déi zu Liefzäiten Inspiratioun fir de Pablo Picasso war. Virun der Auktioun war de Wäert vum Wierk op iwwer 120 Milliounen Dollar geschat ginn.

De Chef vun der Sektioun fir impressionistesch a modern Konscht am traditiounsräichen Aktiounshaus, de Julian Dawes, bezeechent d’Picasso-Bild als “e Meeschterwierk no alle Reegele vun der Konscht”. Et wier “voll mat glécklechem a leidenschaftlechem kënschtlereschem Asaz, zäitgläich awer och iwwerluecht an decisiv”.

Am Joer 2021 huet Sotherby’s e weidert Wierk vum spuenesche Moler versteet, dat och d’Marie-Therese Walter duerstellt. Dëst Bild huet 103 Milliounen Dollar abruecht.

Back to Top
CIM LOGO