Film vun der WochCoward vum Lukas Dhont

Frank Grotz
Fir hir Rollen am Film Coward kruten déi zwee Acteuren Emmanuel Macchia a Valentin Campagne dëst Joer um Festival vu Cannes ex-quo de Präis fir déi bescht Interpretatioun.

De Long-Métrage vum Realisateur Lukas Dhont erzielt vun enger Relatioun tëschent zwee Zaldoten am 1. Weltkrich a proposéiert am Genre vum Krichsfilm eng nei Perspektiv.

Wärend dem Éischte Weltkrich erlieft de Pierre an der belscher Arméi déi ganz Brutalitéit vum Konflikt hautno an huet ëmmer méi Problemer dem Bild vum perfekten Zaldot ze entspriechen. Wéi hie sech an de Francis verléift, deen hannert de Linne Spektakele fir d'Truppen organiséiert, stellt sech fir de jonke Mann d'Fro, ob hie säi Liewe weider un der Front wëll riskéieren.

Bei Coward verzicht de Realisateur Lukas Dhont op grouss Krichszeenen a konzentréiert sech op déi ganz perséinlech Momenter tëscht de Personnagen. Zwar ass déi extrem Gewalt am Hannergrond ëmmer present, mee de Fokus läit méi um ënnerleche Kampf vun den Zaldoten, déi hir Emotioune permanent mussen ënnerdrécken. Mat grousser formaler Maîtrise an enger exzeptioneller Schauspillleeschtung vum Emmanuel Macchia a Valentin Camapgne stellt de Film d'Fro op dee wierkleche Courage net doranner läit. zu senge Gefiller ze stoen an de Géigeniwwer a senger mentaler Nout ze ënnerstëtzen.

Back to Top
CIM LOGO