"Luxembourg du Rire"Humoriste Gad Elmaleh an Inès Reg begeeschteren an der Rockhal

Rosa Clemente
Gaël Arellano
Nom Succès vun de leschten Editioune gouf et e Samschdeg den Owend fir d'éischte Kéier eng Wanter-Editioun vum Comedie-Festival "Luxembourg du Rire".
© RTL

Dat no enger Sold-Out-Editioun am Juni. Méi wéi 5.000 Leit ware komm, fir bekannte Gesiichter aus der franséischsproocheger Comedy-Zeen live op der Bün ze erliewen.

"Luxembourg du Rire"
Humoriste Gad Elmaleh an Inès Reg begeeschteren an der Rockhal

De "Luxembourg du Rire" huet e Samschdeg seng Première als “Winter Edition” gefeiert. D'Konzept schéngt opzegoen: Nodeems déi ugekënnegt Owesvirstellung séier ausverkaaft war, gouf eng zweet Seance um 17 Auer bäigesat.

Um Programm stoungen eng Rei bekannten Nimm aus der franséischsproocheger Comedy-Zeen. Nieft dem Star-Komiker Gad Elmaleh an der Inès Reg hunn och den Akim Omiri, de Rodrigue, den Hugo Le Van an de Salim Shady fir Humor gesuergt.

"Wéi e risege Comedy-Club“

Fir de Gad Elmaleh war et virun allem de gemeinsamen Optrëtt mat anere Komiker, deen den Owend besonnesch gemaach huet. Datt d'Kënschtler sech géigesäiteg nokucken an hir Optrëtter mateneen deelen, géif eng speziell Dynamik schafen. „C'est comme si on avait fait un Comedy Club géant“, huet de Komiker mat marokkaneschen a kanadeschen Originnen d’Show beschriwwen.

© RTL

Och d'Inès Reg huet sech no hirem Optrëtt begeeschtert gewisen. Si wier virun der Show zwar gestresst gewiescht, wier awer vum Public ganz waarm empfaange ginn. "J'ai adoré, j'étais stressée de dingue avant de monter, et en fait, j'ai eu un accueil incroyable. Donc, j'ai passé un superbe moment“, sot déi franséisch Komikerin, déi virun 33 Joer zu Paräis gebuer ass.

© Southside Production

E Konzept, dat sech etabléiert

No bis ewell siwen ausverkaaften Editioune mat am Ganze méi wéi 25.000 Spectateuren huet de Festival sech zu engem feste Rendez-vous fir d'Frënn vun der franséischsproocheger Comedy zu Lëtzebuerg entwéckelt. Ee Konzept, dat schéngt opzegoen.

Laang waarde mussen d'Fans op alle Fall net op déi nächst Geleeënheet, fir nees zesummen ze laachen: Déi nächst Editioun vum "Luxembourg du Rire" ass scho fir de 24. Abrëll an der Rockhal geplangt.

Méi Infoen op : www.luxembourgdurire.com

Back to Top
CIM LOGO