
Wéi “The Hollywood Reporter” en Dënschdeg geschriwwen huet, géing den George R. R. Martin den Ament un engem Stéck schaffen, dat an 2 Joer soll um Broadway, Londoner West End an Australien gewise ginn. Un der Produktioun bedeelegt sollen och d’Produzente Simon Painter an Tim Lawson sinn.
D’Opféierung soll eng Virgeschicht zu “Game of Thrones” ginn a spillt 16-17 Joer virun den Ereegnisser an der Serie. Rumeuren no sollen eng Partie bekannte Figuren op der Bün ze gesi sinn, dorënner méiglecherweis den Ned Stark, Jaime Lennister a Robert Baratheon. Detailer iwwert d’Besetzung ginn et allerdéngs nach net.
Donieft gouf dës Woch eng weider gutt Nouvelle fir “Game of Thrones"-Fans annoncéiert. Den Auteur George R. R. Martin huet nämlech e 5-Jores-Deal mat dem US-Sender HBO ausgehandelt.