Esch2022 Gemeng vum Mount: Monnerech

RTL Lëtzebuerg
Nodeems leschte Mount de Fokus op Schëffleng louch, réckelt dëse Mount d'Nopeschgemeng Monnerech an de Mëttelpunkt vun Esch2022.
Esch2022: Monnerech 7. Gemeng vum Mount
Nodeems leschte Mount de Fokus op Schëffleng loung, réckelt dëse Mount d’Noppeschgemeng Monnerech an de Mëttelpunkt vun Esch2022.

Monnerech ass eng vun den eelste Gemengen am Land a gouf schonn am Joer 965 eng éischte Kéier an engem offiziellen Dokument ernimmt. Et geet een awer dovunner aus, dass dat deemolegt Duerf scho laang virdrun existéiert huet. 1989 gouf nämlech bei Äerdaarbechten e grousse réimesche Gutshaff - also eng sougenannte “Villa Rustica” - aus dem 3. Joerhonnert entdeckt. Wärend d’Nopeschgemengen sech op d’Stolindustrie konzentréiert huet, stoung zu Monnerech d’Agrikultur weiderhin un éischter Stell.

Elo steet Monnerech als 7. Gemeng am Kader vun der europäescher Kulturhaaptstad fir ee Mount am Mëttelpunkt. Fir si war hir Participatioun eng Chance, fir emol eppes Neies auszeprobéieren an hire kulturelle Programm iwwer d’Grenze vun der Gemeng bekannt ze maachen. De Star vum Mount ass de sougenannte “Eco-Design - Pop-up Village”, dee si zu Biergem um Parking vum Kulturzenter “Beim Nëssert” opgebaut hunn.

“De Pop-up Village ass eise Versuch, aus näischt eppes ze kreéieren, wat iwwer eng Zäitspan existéiert an da genausou séier rëm verschwanne kann, wéi et opgedaucht war”, esou de Vincent Peffer vun der Gemeng Monnerech. “D’Iddi ass wierklech e richtegen, kulturelle Quartier opzebauen, wéi een e géif an engem Duerf oder enger klenger Stad fannen. Dohier dann och den Numm ‘Pop-up Village’”.

De “Pop-up Village” besteet gréisstendeels aus ale Schëffscontaineren an Holzplacken. Béides kéint ee spéider fir aner Projeten an Evenementer benotzen, wat och gutt géif an d’ëmweltfrëndlecht Konzept vun Esch2022 passen. Niewent der Terrass an dem Bar gëtt och e ganzen Ënnerhalungsprogramm fir Grouss a Kleng ugebueden. Dat geet da vu Filmowenter iwwer Atelieren a Concerte bis hin zu Ausstellungen, Festivaller a Marchéen. Donieft kann een och un den akademesche Konferenzen am Kulturzenter selwer deelhuelen.

Méi Informatiounen an de ganze Programm fënnt een um Site vun der Gemeng.

Back to Top
CIM LOGO