Am Géigesaz zu villen anere Gemengen huet Suessem e grousse Gemengeprojet ënnert dem Numm “loop - down the hills, across the land” lancéiert. Dëse vum Anna Loporcaro kuratéierte Projet ass agedeelt a 17 méi kleng Portiounen, wéi zum Beispill Workshoppen an Ateliere vum “Weaving Futures Festival”, Evenementer vun “Eden Europa” an hire Pavillon am Park “Um Belval”. Dee soll als Hommage un d’Waasserquell “Bel-Val” gëllen, déi Ufank vum 20. Joerhonnert bis zu 2 Millioune Fläsche Waasser gefëllt huet. Dës goufen och an d’Ausland exportéiert an d’Waasser huet souguer eng ganz Partie Goldmedaile gewonnen.
En anere Projet, deen an hirem Programm opfält, ass d’"histoires des serres”. Wéi den Numm et scho seet, dréit sech hei alles ëm d’Zären zu Zolwer déi laang Zäit vergiess goufen an am Kader vun der europäescher Kulturhaaptstad en zweet Liewe kréien. Dobäi hëllefe virun allem de CIGL an elo och d’Laura Drouet an den Olivier Lacrouts vum Studio “d-o-t-s”. Hire Projet zitt sech iwwer ee Mount an all Woch gëtt eng aner Thematik behandelt, déi e Rapport zu Planzen an Zären huet.
Déi éischt Woch geet et engersäits ëm de Commerce vu Rousen an der Blumm hire Roll an der Lëtzebuerger Geschicht. Des weidere gëtt déi Woch och e Parfum presentéiert, deen aus Rousen, déi wärend der Pandemie net geliwwert oder verkaf goufen, gemaach gëtt. Déi zweet Woch gëtt eng Fotoausstellung presentéiert, bei där de Sujet Plastikszären a Spuenien sinn. An deem Kontext ginn d’Visiteuren och fir en Iessen invitéiert. Gekacht gëtt mat Geméis aus den Zolwer Zären.
Déi drëtt Woch ass inspiréiert vun engem Schreiwes vun enger englescher Lady aus dem 19. Joerhonnert, an deem si sot, dass si sech an den Zäre sécher fillt a si selwer ka sinn. D’Iddi wier et, de Roll vun de Fraen an den Zären hautdesdaags z’analyséieren.
Déi lescht Woch kucke si sech déi kleng formateg Zären un, déi fréier benotzt goufen, fir Planzen uechter d’Welt ze transportéieren an un e Klima ze gewinnen, déi fir d’Planzen net natierlech war.
Net wäit vun den Zären ewech huet och de Kënschtlerduo “Wennig & Daubach” sech vun der lokaler Geschicht inspiréiere gelooss. Hinnen ass et drëms gaangen, e Projet ze kreéieren, deen déi eenzel Uertschafte vun der Gemeng Suessem verbënnt. Dofir hu si sech 5 Erzielungen, bezéiungsweis Fotoen, erausgepickt, fir doraus opblosbar Skulpturen aus Sprangschlass-Material ze maachen. Dës Skulpture ginn da fir ee Mount laang op 8 Schlësselplazen uechter d’Gemeng ausgestallt.
“Dee ganze Projet schwätzt iwwer Geschicht - wat ass Geschicht, wéi funktionéiert Geschicht, wéi eng Objete si reell, wéi eng Erënnerungen an Objete bleiwen iwwreg - a Villes vun där Geschicht ass haut guer net méi physesch do, mä besteet just nach an Textform oder als Foto, a mir blosen déi Geschicht erëm op”, sou de Charles Wennig. “Anerersäits probéiere mir och, Geschichten z’illustréieren, déi fiktiv sinn an déi et esou ni gouf.” E Beispill dofir ass d’Kapell an der entweiter Kierch Metzerlach zu Suessem. Dës ass inspiréiert vun enger Geschicht aus dem Michel Rodange sengem “Renert”.