E Mëttwoch war d’Aweiung vum neie 4DX-Kinossall am Kinepolis um Kierchbierg. Mam 4DX-System beweege sech hei 116 komplett néi a motoriséiert Kinossëtzer parallel zu der Aktioun am Film. Och aner Spezialeffekter, wéi zum Beispill Reen, Loft, Niwwel a Gerécher kommen zum Asaz.
Den neie Marvel-Film Avengers: Endgame ass deen éischte Film, deen am Kinepolis um Kierchbierg mam 4DX-System gewise gëtt. De 4DX soll zukünfteg souwuel fir verschidden 2D wéi och fir 3D-Filmer ugebuede ginn a kascht zousätzlech 6 Euro op den normalen Tickets-Präis.
LINK: Detailer vun den Ëmbauaarbechten a vum neie Sall op 5minutes