USAGittar-Legend Carlos Santana kollabéiert wärend Concert

RTL Lëtzebuerg
Wéi säi Management matdeelt, hätten Hëtzt a Flëssegkeetmanktem dem 74 Joer ale Museker zougesat.
© AFP/Archives/Robyn Beck

Op Fotoen a Videoen, déi an de soziale Medien zirkuléieren, ass ze gesinn, wéi hien op der Bün vu Secouriste behandelt gouf. 20 Minutten no sengem Malaise koum de Rockstar Carlos Santana an e Spidol an der Géigend vun Detroit. Et géing him den Ëmstänn entspriechend gutt goen, heescht et vun engem Porte-parole. Aus gesondheetleche Grënn muss säi Concert am “Pavilion at Star Lake” zu Burgettstown (Pennsylvania), deen e Mëttwoch sollt sinn, verréckelt ginn.

De gebiertege Mexikaner kämpft zanter enger Zäit mat gesondheetleche Problemer. Hie gouf am Dezember 2021 um Häerz operéiert, wouduerch eng Partie Optrëtter zu Las Vegas hu missen ofgesot ginn.

Säin Optrëtt um legendäre Woodstock-Festival 1969 huet de Santana zu engem Weltstar gemaach. Zanter 1998 ass hie Member vun der Rock and Roll Hall of Fame. De 74 Joer ale Gittarist gëllt als Erfinder vum Latin-Rock. Zu senge bekanntste Lidder gehéieren ënnert anerem „Black Magic Woman” an „Samba Pa Ti”.

Back to Top
CIM LOGO