
Mat 73 Joer ass d’Olivia Newton-John op hirer Ranch am Kalifornien gestuerwen, dat mellt d’Famill vun der Schauspillerin. D’Frënn a Famill wiere bei hir gewiescht.
1992 krut d’Olivia Newton-John déi éischte Kéier d’Diagnos Broschtkriibs. Zënterhier huet si sech fir d’Kriibsfuerschung an d’Fréierkennung agesat. 2017 dunn gouf bei der Schauspillerin a Sängerin Broschtkriibs-Metastasen an der Wirbelsail entdeckt. 2018 gouf e weidere Réckfall ëffentlech gemaach.