
33 Projete goufen do analyséiert an um Enn kruten der 23 den Accord fir eng finanziell Ënnerstëtzung.
14 Mol war et eng sougenannte selektiv Hëllef fir d’Schreiwe vun Dréibicher oder d’Entwécklung. 9 Mol gouf et gréng Luucht fir d’Produktioun ze ënnerstëtzen.
Alles an allem goufen Hëllefe fir knapp 10 Milliounen Euro accordéiert.
An der Kategorie “Série live” kritt den historesche Police-Drama “Marginal” zum Beispill 3 Milliounen Euro accordéiert, bei engem Gesamtbudget vun 3,99 Milliounen Euro.
An der Kategorie “Longs-métrages live” sinn et 1,21 Milliounen Euro fir den historeschen Drama “Ama”, an 1,14 Milliounen Euro fir d’Drama-Komedie “Baronnes”.
An der Kategorie “Longs-métrages d’animation” gouf e Subside vun 1,5 Milliounen Euro fir “Go With The Floh” accordéiert. De selwechte Montant ass et fir “Les Enfants de la Liberté”.