Auswierkunge vu Konscht Installatioun weist, wat Konscht mat eisem Gehier mécht

RTL Lëtzebuerg
Et ass e Projet, dee Konscht a Wëssenschaft zesummebréngt. Eng Visualiséierung vun deem, wat mat eisem Gehier geschitt, wa mer eis Konschtwierker ukucken.
Neie Projet bréngt Konscht a Wëssenschaft beieneen
Wat geschitt an eisem Gehier, wa mir Konscht ukucken? Zu London an engem Musée kann ee sech dat elo direkt virun Aen halen.

D’Courthauld Gallery zu London ass déi éischt, an där d’Visiteure sech e sougenannten Elektro-Encephalogram ausléine kënnen. Eng Aart spezielle Kopfhörer, déi winzeg elektresch Signaler aus hirem Gehier an Echtzäit an eng Visualiséierung iwwerdréit. Si kënnen - wärend se sech d’Wierker vu berüümte Kënschtler wéi dem Van Gogh ukucken – also zäitgläich eng Animatioun vun hiren eegene Gehierwelle bewonneren.

Back to Top
CIM LOGO