
De Schauspiller wäert an der neier TV-Serie "The Old Man", ee fréieren Agent vum US-Geheimdéngscht CIA spillen, wéi de Sender FX en Donneschdeg matgedeelt huet.
Den Ex-Agent Dane Chase muss sech senger Vergaangenheet stellen, wéi ee Mäerder op hien ugesat gouf. D'Serie baséiert op dem Roman mam selwechten Numm vum Bestseller-Schrëftsteller Thomas Perry.
De FX-Programmdirekter Nick Grad huet de Bridges als "ikoneschen an aussergewéinleche Schauspiller" bezeechent. Och sot den Direkter, dass de Jeff Bridges "als Star fir d'Serie ze hunn, fir FX een extrae Moment ass."
Mat "The Old Man" iwwerhëlt de Bridges fir déi éischte Kéier eng Haaptroll an enger Serie.
De Schauspiller ass ënnert anerem fir seng Kult-Komedie "The Big Lebowski" bekannt. Fir seng Roll als eelere Country-Sänger-Alkoholiker a "Crazy Heart" huet hien 2010 een Oscar fir de beschten Haaptduersteller kritt.