RTL-Film-Quiz iwwer Skandal-RegisseurenJulia Ducournau: De Kierper-Kino am Horror-Kostüm

RTL Lëtzebuerg
Scho mat "Raw", ma spéitstens mat sengem leschte Film "Titane" huet déi franséisch Regisseurin gewisen, dass si wéineg bis keng Kompromësser bei hire Filmer ageet.
© LOIC VENANCE AFP (Creative Commons)

Mam Film “Raw” huet déi franséisch Regisseurin a Screenwriterin mat engem Knall op sech opmierksam gemaach. Spéitstens am Joer 2021 ass d’Julia Ducournau zu engem feste Bestanddeel vum neie franséische Kino ginn, dat an deem si d’Palme d’Or fir hire Film “Titane” gewonnen huet, dat als 2. weiblech Regisseurin an der Geschicht vum prestigiéise Präis.

Änlech wéi och schonn den David Croneberg, deen iwwregens niewent dem David Lynch eng enorm Inspiratioun fir d’Ducournau war an ass, kann een och der franséischer Regisseurin hir Filmer an de Beräich vum “Body-Horror” klasséieren. Explizitt Biller vu mënschlechem Fleesch, déi de Spectateur ouni Erbaarmen a schounungslos gewise kritt, ass ee markant Erkennungszeeche vun der franséischer Regisseurin.

Ëmmer nees kënnt et bei hire Filmer fir, dass Leit wärend hire Filmer de Sall musse verloossen, well et hinne schlecht gëtt, et net méi erdroe kënnen oder einfach schwaach falen... E perfekte Kandidat also, fir an eis Serie iwwer skandaléis Regisseuren, zu deenen d’Julia Ducournau ouni Zweiwel an de leschte puer Joren e festen Deel ginn ass.

Wéi gutt kenns du dech mam Julia Ducournau an hire Filmer aus? Test däi Wëssen a probéier all Fro richteg ze beäntwerten.

RTL-Film-Quiz iwwer Skandal-Regisseuren: De Gaspar Noé a säi “Cinéma du corps”
RTL-Film-Quiz iwwer Skandal-Regisseuren: David Cronenberg - De Mann fir d’Schock-Momenter
RTL-Film-Quiz iwwer Skandal-Regisseuren: Dem Yorgos Lanthimos seng Welt vu Léift a Leed
RTL-Film-Quiz iwwer Skandal-Regisseuren: Nazi-Kontroversen an Dogma 95 mam Lars von Trier
RTL-Film-Quiz iwwer Skandal-Regisseuren: Alejandro Jodorowsky: Surrealismus, Anarchie a Provokatioun

Back to Top
CIM LOGO