Hei geet et ëm d’Geschicht vun engem Duebelmord zu Esch/Uelzecht um Enn vum Summer 1910. De Jury begrënnt hir Decisioun ënner anerem domadder, datt den Auteur a sengem Buch och op dat deeglecht Liewe vun den Escher an där Epoch ageet an och déi politesch an ideologesch Tensiounen, déi et Ufank vum 20. Joerhonnert gouf, opgräift. D’Buch ass eng Mëschung aus journalistescher Recherche, historescher Dokumentatioun an engem “true crime”.
An eisem Podcast “Lecture vun heiheem” hat de Jérôme Quiqueret säi Buch selwer presentéiert. Hie selwer huet säi Buch net als Roman beschriwwen, och wann et sech zum Deel esou liest. Mä et wier e Resultat vu jorelaange Recherchen, déi net nëmmen eng historesch Epoque (Esch an der Zäit virum éischte Weltkrich) nees operstoe loossen, mä déi dacks iwwerraschend Parallelle mat der Aktualitéit vun 2022 opweisen.
Am Jury, dee vum Sébastian Thiltges presidéiert gouf, souzen d’Simone Beck, d’Fabienne Gilbertz, d’Odile Linden, den Henning Marmulla, de Pierre Marson, den Alex Reuter, d’Shari Schenten an d’Aimée Schultz.