Hir permanent Ausstellung behandelt d’Geschicht vun der Gemeng, d‘Industrialiséierung am 19. an 20. Joerhonnert an, an deem Kader natierlech och d‘Schungfabrik Hubert. Donieft nëtzt d’Asbl „Musée vun der Aarbecht“, och MUAR genannt, d’Plaz och reegelméisseg, fir Wiesselausstellungen ze weisen.
Den Ament presentéiere si hir 3.Ausstellung, mam Titel “UNFREE LABOR”. Dës leeft bis de 14. Mee an thematiséiert vu Freelance-Aarbecht iwwer Iessensliwwerunge bis hin zu Prostitutioun divers Aarbechten.
“‘UNFREE LABOR’ ass e kollaborativen Effort wou mir déi aarbechtsrechtlech Grozonen ervirhiewen, an där mir ënner anerem duerch d’Digitaliséierung vun der Aarbecht landen”, sou d’Marieke Jarvis vum Kultur-Service vun der Gemeng Keel-Téiteng.
Donieft gëtt de Musée Ferrum och genëtzt, fir reegelméisseg Ateliere fir Schoulkanner unzebidden. Dës dréie sech da komplett ëm een Thema a soll d’Kanner fir Geschicht a Muséeë passionéieren.
Méi Informatiounen zum Musée Ferrum ginn et op hirem Site.