RIPKënschtler Armand Strainchamps am Alter vun 68 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
D'Kulturzeen trauert ëm den Armand Strainchamps.
D'Kulturzeen trauert ëm den Armand Strainchamps
Et geet duer, am Hall vun der Stater Gare op de Plaffong ze kucken, fir eent vum Armand Strainchamps senge Wierker betruechten ze kënnen.

Hie gehéiert zu deene Kënschtler, déi ee kennt, ouni et ze wëssen. Et geet duer, am Hall vun der Stater Gare op de Plaffong ze kucken, fir eent vum Armand Strainchamps senge Wierker betruechten ze kënnen. D’Molereien, déi een do gesäit, hat den Diddelenger 1994 ëmgesat, nodeems Lëtzebuerg fir d’éischt zur europäescher Kulturhaaptstad ernannt gouf.

Expo Armand Strainchamps
an der Fondatioun Valentiny

Als richtegen “touche à tout”, ewéi den Armand Strainchamps sech selwer beschriwwen huet, huet hie sech net eleng der Molerei gewidmet. Och am Kino war hien notamment als Regisseur a Produzent täteg. Nieft dem Andy Bausch sengem “Troublemaker”, wou hien als Produzent souguer an enger klenger Roll als Gendaarm matgewierkt huet, waren och Dokumentarfilmer Deel vu sengem Repertoire. Sou huet hien am Film “Diddeleng - 100 Joer - 100 Gesichter” d’Geschicht vu senger Gebuertsstad verzielt.

D’Minettsregioun huet den Diddelenger ëmmer nees a seng Wierker mat afléisse gelooss. Esou zum Beispill mat senge Skulpturen, duerch déi hien d’Erënnerungen un d’Stolindustrie hei am Land erhalen huet. Ma och do koum d’Faarf ni ze kuerz. Nieft der Villfältegkeet huet nämlech virun allem den Asaz vu fill Faarf dem Armand Strainchamps seng Konscht charakteriséiert. En Aspekt, deen dacks Vergläicher mam PopArt mat sech bruecht huet.
Ma nieft senger Konscht soll och seng Perséinlechkeet genau sou, wann net nach méi bont, gewiescht sinn. E stralend Gesiicht, dat duerch säi Schnurres ënnerstrach gouf. Änlech, ewéi déi déck schwaarz Linnen, déi a senge Biller déi faarweg Elementer esou staark ervirhiewen.

Den Armand Strainchamps huet a sengem Liewen iwwer 50 Ausstellungen zu Lëtzebuerg an am Ausland gehat a sëllege Skulpturen, Performancen a Filmer geschaaft.

D’RTL-Redaktioun dréckt der Famill a Frënn Bäileed aus.

Armand Strainchamps
Bäitrag aus dem Joer 1998.

Décès d’Armand Strainchamps : le secteur de la production audiovisuelle nationale perd un de ses précurseurs !

Communiqué par : Fonds national de soutien à la production audiovisuelle C’est avec un profond désarroi que nous apprenons le décès d’Armand Strainchamps, artiste aux multiples talents connu pour ses peintures et sculptures mais également au cinéma où il a œuvré en tant que producteur, scénariste et réalisateur.
Armand Strainchamps restera une figure emblématique du secteur audiovisuel national pour avoir contribué à l’essor et au développement de notre patrimoine cinématographique à une époque où le cinéma grand-ducal n’était qu’à ses tous débuts. Il avait d’ailleurs été décoré en 2002 d’une distinction honorifique nationale.
En 1988, il avait coopéré avec le réalisateur Andy Bausch notamment sur le film « Troublemaker », puis s’était illustré dans la réalisation de plusieurs films documentaires dont “Diddeleng – 100 Joër, 100 Gesiichter”, film racontant l’histoire de sa ville natale, écrit et réalisé avec Beryl Koltz, pour lequel ils ont été honorés en 2009 d’un « Lëtzebuerger Filmpräis ».
En nous quittant trop tôt à l’âge de 68 ans, Armand Strainchamps laisse un grand vide dans le monde du cinéma national.
L’équipe du Film Fund Luxembourg adresse ses plus sincères condoléances à sa famille et ses proches.

Back to Top
CIM LOGO