Am Offallsyndikat SICA huet ee sech eng speziell Aktioun ausgeduecht. Wien de leschte Weekend säin Offall an de Recycling Center zu Kielen bruecht huet, wäert sech vläicht gewonnert hunn. Wou soss mol Poubelles-Camione stoungen, fënnt ee lo nämlech eng Konscht-Ausstellung. En ongewinnt Bild, och fir de Luc Feller, President vum SICA.
“Dat hei ass fir eis e ganz schéinen Ubléck. Normalerweis hu mir Camionen hei stoen, et richt no Ueleg, et ass méi knaschteg, wéi et am Moment ass. Eis Jongen hu vill geschafft fir et propper ze maachen. Mir hunn eigentlech an eng Industriehal ganz vill Faarf erabruecht.”
25 Joer laang hunn d’Mataarbechter vum SICA an dëser Hal geschafft. An e puer Woche gëtt se ofgerappt – fir Plaz ze maache fir en neien, méi grousse Recycling Center. An esou koum d’Iddi, dës Hal eng leschte Kéier mat Liewen ze fëllen. Dobäi fléisst och de Motto vum SICA mat an: “Weider gebrauchen ass besser, wéi ewechgeheien.” Esou hu verschidde Kënschtler mat de Materialie geschafft, déi se an der Hal an am Recycling Center virfonnt hunn: Paletten, al Miwwel, Kabelen, Tuten,...
Zanter der Rentrée am September ass fläisseg un der Expo geschafft ginn, nodeems am Summer den Opruff gemaach ginn ass, dass de SICA seng Hale fir Kënschtler géing zur Verfügung stellen. An de Projet huet Succès: eleng den éischte Weekend si schonn 1.000 Visiteure komm.
D’Konschtausstellung ass just eng vu villen Aktioune vum SICA, wann och sécher déi aussergewéinlechst. D’Zil ass et, ewech ze komme vum Denken, dass et hei “just ëm Offall” geet, esou de Luc Feller.
“Dat neit Gebai wat mir bauen, wäert e Ressourcë-Center ginn, keen Offall-Center. An dat ass am Numm eigentlech schonn dran, dass dat Material wat d’Leit hei hinner bréngen, wat si vläicht net méi doheem brauchen, dat gesi mir als eng Ressource un. A wann déi Ressource nach ze verwäerten ass, well se net futti ass, da wäerte mir dat och hei ubidden. Sief dat an engem Second-Hand-Shop, sief dat an engem Repair-Café, deen herno konstant um Site hei wäert funktionéieren.”
D’Expo kann ee sech nach vun dësem Freide bis Sonnde vu 14 Auer un ukucke goen.