Éierung fir bal 65 Joer Asaz als KannerdokteschD'Dokter Marie-Claire Theisen-Aspesberro ass e Stéck Diddeleng

Christophe Hochard
Zanter bal 65 Joer schafft Dokter Theisen-Aspesberro zu Diddeleng als Kannerdoktesch. Elo gouf si zur Éierebiergerin ernannt.
D'Dokter Theisen ass e Stéck Diddeleng
Zanter bal 65 Joer schafft Dokter Theisen-Aspesberro zu Diddeleng als Kannerdoktesch. Elo gouf si zur Éierebiergerin ernannt.

Zanter 1962 schafft d’Marie–Claire Theisen–Aspesberro als Kannerdoktesch zu Diddeleng. "Däi Zäit gouf et kee Kannerdokter zu Diddeleng. Am ganze Land waren et der vläicht eng Dosen. Ech sinn am Fong geholl heihinner komm, well den Dokter Hippert vum Diddelenger Spidol huet mir gefléift fir ze kommen. Et war awer haart. Am Ufank war et haart. Et gouf nach keng Kannerklinik. Ech war bal 10 Joer eleng. Dag a Nuecht" , sou Dokter Theisen-Aspesberro.

Vum Escher Meedercherslycée goung et fir déi jonk Fra op Paräis Medezin studéieren. 1958 huet d’Marie–Claire Theisen hiren Dokterdiplom kritt. "Hausvisitten hunn ech der ganz vill gemaach. A net nëmmen zu Diddeleng. Och an der Ëmgéigend ewéi Téiteng, Rëmeleng oder Beetebuerg. Ech froe mech nach haut, wei ech dat gepackt hunn".

Leschten Dënschdegowend huet d’Diddelenger Kannerdoktesch den Titel als "Eierebiergerin vun der Stad Diddeleng" kritt. Eng 350 Leit souzen am Sall fir dëse Moment matzeerliewen.

Diddelenger Bierger a Biergerinnen si frou op "hir" Doktesch.

Vun 1972 bis 1997 hat d'Dokter Theisen–Aspesberro hire Cabinet an deem Haus, an deem si och mat hirer Famill gewunnt huet, an der Rue Lentz zu Diddeleng. "Ech hunn et scho praktesch fonnt, d’Praxis am Haus ze hunn", esou d’Kannerdoktesch. "Meng Famill huet dat net esou empfonnt. Net wéinst de Consultatiounen, mee well ech esou vill beschäftegt war. Ech hu vläicht net ëmmer dat fir d’Famill ginn, wat ech hätt sollte ginn. Wann ech virdrunner wär, géif ech méi no der Famill kucken a versichen, méi Fräizäit ze hunn. Ech war praktesch Dag an Nuecht amgaangen".

Der Dokter Theisen hir Kanner sinn och houfreg op hir Mamm.

Den 3. Januar 2027 kritt d’Kannerdoktesch 95 Joer. Zweemol d’Woch schafft si nach zesumme mat der Kannerdoktesch Michèle Wengler–Kayser.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO