An der Band vum Gregor Huebner spillt och e Lëtzebuerger: de Jérôme Goldschmidt, Perkussioun.
Dat war fir de Régis Thill en zousätzlecht Argument, fir an de CAPE ze fueren.
De Gregor Huebner versicht mat Erfolleg, aus senger Gei latäinamerikanesch Musek ze zauberen. Temperamentvoll, melancholesch, gefillvoll, leidenschaftlech: Dat ass d'Sprooch vun der Musek aus Cuba oder Brasilien zum Beispill.
Op de Perkussiounsinstrumenter spillt de Lëtzebuerger Jérôme Goldschmidt. No 22 Joer New York lieft hien fir de Moment tëschent Wien a Lëtzebuerg.