De Wodka-Martini gouf duerch hien zu engem Klassiker an d’Ofkierzung MI6 ass dank senger net nëmme brittesche Staatsbierger e Begrëff, an dann hunn mer elo nach näischt vun de exzeptionelle Sportsbolide gesot, mat deenen en déi béis Jonge jot. Richteg, et geet ëm den James Bond. Den Donneschdeg den Owend war d’Première an da leeft en endlech un, 17 Méint nom leschten ugekënnegten Datum, dee war den 2. Abrëll 2020. D’Affichen houngen deemools schonn am Kino, mä du koum d’Pandemie.
Zënter 1962 gëtt et den Top-Spioun schonn um groussen Ecran. De 25. Film kënnt elo endlech an de Kino a versprécht nees e risege Succès ze ginn. “No time to die” versprécht de Blockbuster vun der Saison ze ginn, op dee vill Kinoen a Fans gewaart hunn an et ass och dem Daniel Craig säi leschten. Iwwert d’Jore goufen et jo méi Acteuren, déi den 007 verkierpert hunn. Bleift spannend, wéi den Daniel Craig sech am neie Bond schléit.
Wat stécht hannert dem phenomenale Succès vun dëse Filmer? En Expert an e grousse Fan erklären d’Entwécklung vum bekanntste Spioun vun der Welt an de 24 Filmer, déi bis ewell erauskoumen.
Den James Bond selwer ass haut schonn en aneren ewéi fréier. Hie geet mat der Zäit an ass doduerch och haut nach beléift bei ville Spectateuren, mä och bei de Politiker an der brittescher Kroun.
Och doriwwer huet de Pierre Jans sech mat enger richteger Expertin fir James Bond Filmer vun der Uni.lu ënnerhalen.
An de fréien James Bond Filmer mam Sean Connery, gesäit een en 007 deen absolutt keng Récksiicht op Fraen hellt. Et muss een et esou soen: si ware just do fir schéin ze maachen. Dat huet awer changéiert, ewéi d’Dr. Lena Steveker seet. Si ass Anglistin op der Uni.lu: ‘’D’Fraen an de Filmer si vill méi komplex ginn. Si sinn net méi just e Sex-Objet, mä d’Figuren hu Gefiller an eng eege Meenung an e Wëllen. Dat spigelt sech och an den Dialoger erëm.’’
Eng staark Evolutioun déi een zum Beispill un dëser typescher Szeen festmaache kann. Am Dr. No 1962 mierkt d’Bond-Girl Honey Ryder net, dass et vum 007 observéiert gëtt. 40 Joer méi spéit weess d’Figur vum Halle Berry awer ganz genee, dass de Bond luusst.. a spillt domat. Dem Lena Steveker dréint de Film ‘’Casino Royal’’ dat Ganzt op d’Kopp. Do klëmmt nämlech keng Fra méi aus dem Waasser, mä den Daniel Craig als James Bond.
Dat heterosexuellt Konstrukt gëtt demontéiert. Am Film Skyfall gesi mer souguer e klenge Flirt tëscht dem Brigang an dem Geheimagent. E Paradigmewissel, wann och ironesch gemengt. Den James Bond war a bleift e Fraenheld, mä e passt sech senger Zäit un. A fréier ewéi haut léisst en d’Britten dreemen. London als politeschen Zentrum vun der Welt: ‘’als Zentrum vun der Muecht. London ass haut natierlech net méi den Zentrum. Mä d’Filmer weisen d’Welt, wéi ee se gäer hätt’’, esou d’Wëssenschaftlerin.
Och d’britesch Politiker a virop d’Kroun si sech der Wierkungskraaft vum James Bond bewosst. Esouguer déi zeréckhalend Queen weist sech gär u senger Säit. Erënnere mer eis un d’Ouverture vun den Olympesche Spiller zu London.
D’Lena Steveker confirméiert, dass d’James Bond Filmer e groussen Afloss hunn. Si sinn awer virun allem eppes: dat grousst Geld.
Eng riseg Marketing-Maschinnerie leeft am Hannergrond. D’Filmer si voller Puben: Alkohol, Autoen, Kleeder, Aueren.. D’Produktioun vum neie Film huet ëmmerhin 250 Milliounen Dollar kascht. E soll eng Milliard aspillen. Dës Kéier muss den James Bond net nëmmen d’Welt retten, mä wéinst der Pandemie och d’Kinoe weltwäit.