D'Schueberfouer an de 60er JorenLëtzebuerg City Museum sicht no Zäitzeien
An Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg sicht de Lëtzebuerg City Museum no Participante fir e Workshop iwwert d'Schueberfouer an den 1960er Joren.
An dësem Workshop soll mat Hëllef vun Zäitzeien a Fotoen illustréiert ginn, wéi et an den 1960er op der Schueberfouer war a wat d’Ënnerscheeder zu haut sinn.
Gesicht gi virun allem Leit, déi an de 60er Joren d’Schueberfouer besicht hunn, sief et als Kand, Jugendlechen oder Erwuessenen.
Wie Loscht huet, seng Erënnerungen ze deelen, dee ka sech fir de Workshop am Lëtzebuerg City Museum den 8. Juni aschreiwen. Dëst per Mail u visites@2musees.vdl.lu oder per Telefon op der Nummer +352 4796 4500.
© Antoine Davito 1970 (c) Photothèque de la Ville de Luxembourg
© Édouard Kutter 1965 (c) Photothèque de la Ville de Luxembourg
© Paul Aschman 1960 (c) Photothèque de la Ville de Luxembourg
© Théo Mey 1959 (c) Photothèque de la Ville de Luxembourg
© Théo Mey 1962 (c) Photothèque de la Ville de Luxembourg
© Théo Mey 1963 (c) Photothèque de la Ville de Luxembourg
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Méi Informatioune fannt Dir am Communiqué vum Lëtzebuerg City Museum