Architekt vun der Cité judiciaireLëtzebuerger Architekt Léon Krier am Alter vun 79 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Architekt a Stadplaner Léon Krier ass dout. Hie war national an international fir säin neoklassizistesche Stil bekannt.
Den Architekt a Stadplaner Léon Krier (Mëtt) wéist der Kinnigin Elizabeth d'Entwërf fir d'Stad Poundbury an England (2016)
Den Architekt a Stadplaner Léon Krier (Mëtt) wéist der Kinnigin Elizabeth d’Entwërf fir d’Stad Poundbury an England (2016)
© JUSTIN TALLIS / POOL / AFP

Zu Lëtzebuerg huet hien d’Stadbild mat sengem Entworf vun der Cité judiciaire gepräägt, déi 2008 um Helleg-Geescht-Plateau fäerdeggestallt gouf. Och säin eelere Brudder Rob Krier, deen 2023 verstuerwen ass, war ee bekannten Architekt.

Op Invitatioun vum haitege Kinnek Charles huet de Léon Krier déi nei Stad Poundbury am engleschen Dorset am neoklassizistesche Stil entworf. D’Stad hat 2021 iwwer 4.000 Awunner an d’Aarbechte sollen dëst Joer fäerdeggestallt ginn. Am Guatemala huet de Léon Krier de Plang fir den neie Quartier Ciudad Cayalá entworf.

Als iwwerzeegten Traditionalist hat hie vill Supporter, ma huet mat sengen Iwwerleeungen zu den Theemen Architektur a Stadplanung och emol provozéiert.

Back to Top
CIM LOGO