
De Joel, dee mer Iech dës Woch en engem Portrait am Magazin virgestallt hunn, gouf als leschte Kandidat vun dëser Sendung vu senge Coache Bill an Tom Kaulitz an d’Course geschéckt a konnt sech géint de Simon vum Team vum Ronan Keating duerchsetzen an esou op engem vun de véier Hotseats Plaz huelen a sech dësen och sécheren. Ugetruede war de Lëtzebuerger Sänger mam Litt “Leave a Light on” vum Tom Walker.