Däitsche FilmpräisLëtzebuerger Koproduktioun wënnt Präis fir beschte Kannerfilm

RTL Lëtzebuerg
"Mission Ulja Funk", dee vum Bernard Michaux mat Samsa Film koproduzéiert gouf, hat 2021 op der Berlinale Première gefeiert.

E Freideg den Owend gouf de Film iwwert eng Wëssenschaft-begeeschtert Schülerin, déi aus hirem streng reliéisen Ëmfeld fortleeft, fir en Astroid ze fannen, mat der “Lola”, wéi den däitsche Filmpräis och genannt gëtt, ausgezeechent.

D’Goldene Lola fir de beschte Film goung un d’Drama “Das Lehrerzimmer” vum Regisseur Ilker Çatak. Dem Favorit, dem Zweete Weltkrich Drama “Im Westen nichts Neues” ass domat den Haaptpräis entgaangen.

Back to Top
CIM LOGO