
Zur Chrëschtdagszäit gehéiere Kichelcher, Wantermäert an elo scheinbar och Kloe géint d’Mariah Carey. D’Sängerin, Sony Music an de Co-Auteur vun “All I Want For Christmas Is You” goufe lescht Joer scho vum Songwriter Andy Stone op 20 Milliounen Dollar Schuedenersatz verklot.
Den Andy Stone behaapt, dass et sech beim Lidd ëm eng “ofgeleete Versioun” vu sengem Lidd, mam nämmlechten Titel, aus dem Joer 1989 handelt. Dem Stone seng Affekoten haten d’Uklo am November 2022 fräiwëlleg fale gelooss. Elo géing hien et zesumme mam Co-Auteur Troy Powers awer nees versichen.
Béid Ukloe géinge sech souzesoen net vuneneen ënnerscheeden. Zwee Mol steet dran, dass hiert Lidd aus den 80er an dem Mariah Carrey säin Hit vun 1994 ausseruerdentlech vill Ähnlechkeeten opweisen.