
D’Präisiwwerreechung ass fir den 20. Februar 2024 zu Berlin geplangt. Dat deelen d’Organisateure vum internationale Filmfestival um Donneschdeg mat.
“Fir jiddereen, dee Film als déi Konscht betruecht, eng Geschicht esou ze gestalten, dass se souwuel ganz perséinlech wéi och universell ass, ass de Martin Scorsese e Virbild, dat net ze iwwertreffen ass”, erklären d’Mariëtte Rissenbeek an de Carlo Chatrian, déi un der Berlinale schaffen. Dowéinst hätt hien de Präis méi wéi verdéngt. “Säi Bléck op d’Geschicht an op d’Mënschheet huet eis gehollef, ze verstoen an ze hannerfroen, wie mir sinn a vu wou mir kommen.”
Deen neiste Film vum 81 Joer ale Regisseur, “Killers of the Flower Moon”, hätt d’Organisateure vun der Berlinale iwwerzeegt. Am Kader vun der 74. Berlinale wäert de Martin Scorsese seng Auszeechnung dann iwwerreecht kréien.
Zanter Joerzéngte gehéiert den Amerikaner zu deene bekanntste Regisseure weltwäit. Zu senge berüümtste Filmer zielen “Taxi Driver” (1975), “Good Fellas” (1990), “The Wolf of Wall Street” (2013) an “The Irishman” (2019).