
Den 32 Joer ale Singer- a Songwriter war wéinst dem Verdacht ugeklot, fir säin Hit “Thinking Out Loud” beim Soulklassiker “Let’s Get It On” vum Marvin Gaye aus dem Joer 1973 geknäipt ze hunn.
Den Ed Sheeran hätt de Song villméi “onofhängeg” erschaaft. Wéi d’Urteel geschwat gouf, huet de Sänger säin Team vun Affekoten ëmäermelt, wéi eng AFP-Reporterin am Geriichtssall bericht huet. D’Urteel huet seriö Auswierkungen op d’Museksbranche. Am Verfaren ass et ëm grondsätzlech Froe vun den Droits d’auteur vu bestëmmten Akkordsuitte gaangen oder ob se vu verschiddene Museker benotzt kënne ginn.
Géint de brittesche Sänger haten d’Ierwe vum Ed Townsend geklot, dee “Let’s Get It On” mam Marvin Gaye geschriwwen hat. D’Ierwen hu vun “opfällegen Ähnlechkeeten” an offensichtlech gemeinsamen Elementer” tëscht Let’s Get It On” an dem Sheeran sengem “Thinking Out Loud” aus dem Joer 2014 geschwat.
D’Affekote vum Ed Sheeran hunn dogéint gehalen, et géifen “Dosende wann net souguer honnerte Songs” aus der Zäit vir an no “Let’s Get It On”, déi eng “gläich oder änlech Akkordsuitte” benotzen. E Musekswëssenschaftler, deen d’Verdeedegung als Zeien opgeruff hat, huet dëst confirméiert a sot, déi concernéiert Sequenz aus véier Akkorde wier scho virum Gaye sengem Hit am Joer 1973 repetitiv a Songs benotzt ginn. Wärend dem Prozess huet de Sheeran och selwer zur Gittar gegraff an déi entscheedend véier Akkorde gespillt.