Nieft deene grousse Fonge vu bekannte Lëtzebuerger Fotografe wéi dem Pol Aschman, dem Théo Mey oder dem Édouard Kutter, ass d’Fotothéik och am Besëtz vu ville klenge Kollektiounen. Sammlungen, déi trotz hirem begrenzten Ëmfang een entscheedende Bäitrag zum dokumentareschen a kënschtleresche Wäert vum Fotothéik-Archiv leeschten.
D’Ausstellung “Luxembourg 360° – la capitale à travers des collections photographiques inédites”, weist am Cercle Cité virdrun nach ni verëffentlecht Fotoe vun der Stad Lëtzebuerg.
Mat der Ausstellung Lëtzebuerg 360° präsentéiert d’Fotothéik dëst Joer ee grousse Panorama vun deenen ënnerschiddlechste Fotografen, Kollektiounen an Themen. 93 Fotoe ginn et ze bewonneren, mat deenen een de Fokus op déi sougenannte kleng Kollektiounen aus dem Archiv vun der Fotothéik riicht.
Déi vill Fotoen, déi tëschent 1890 an 1990 geschoss goufen, bidden dem Visiteur nei Perspektiven op de Wuesstem an d’Entwécklung vun der Stad Lëtzebuerg an op dat urbaant Liewen. Si huelen ee mat op eng Rees duerch d’Vergaangenheet a loossen een dobäi zum Beispill déi vill verschidde Quartieren entdecken.
93 fotografesch Schätz, déi aus de Kamerae vu bekannte Fotokënschtler a passionéierten Hobbyfotografe stamen.
Nach bis den 18. September kann een déi vill Fotoen am Ratskeller vum Cercle Cité ze gesinn. Wien selwer dozou bäidroe wëll, dat kulturellt a fotografescht Ierwe vun der Stad Lëtzebuerg ze konservéieren an am Besetz vu Fotoen ass, déi d’Stadentwécklung dokumentéieren, dee soll net zécken, fir sech bei der Fotothéik ze mellen.
Passend zur Ausstellung huet d’Stater Fotothéik dann och nach ee Katalog erausbruecht, an deem ee sech, ënnert anerem, nach eemol déi vill ausgestallte Wierker ganz a Rou ukucke kann.