No 2 Joer Paus ass um Samschdeg erëm de Siren’s Call Festival am Gronn.
50% vum Line-Up, wéi en 2020 sollt sinn, ass bliwwen, déi aner 50% hunn awer zanterhier changéiert. D’Artiste missten eben och hire Business halen, erkläert de Michel Welter, Booker vum Atelier:
E Report vun engem normale Concert ass scho komplizéiert, vun engem Festival nach méi! Well s de ëmmer bësse vun engem Line-Up verléiers an en Deel häls. Wat d’Pandemie méi laang gedauert huet, wat mer eis méi doru gewinnt hunn. Dat ass nunmol en Deel vun eisem Job.
Nieft dem musikalesche Programm, mat den Headliner “The Hives” an “Nothing but Thieves”, gouf déi kulturell Programmatioun fir dës 3. Editioun vum Festival e bësse méi ausgebaut a geet a verschidde Richtungen:
Mir hunn zum Beispill de ganze Kannerprogramm vum Neimënster, also grouss kannerfrëndlech Programmatiouns-Elementer. Mir hunn déi “immersive-sound” Installatioun am Gaart, déi mer soss am Fong ni haten, wou mer och en Deel vun de Concerten iwwerdroen.
Vun engem Dag Festival op 2? Do wier een duerch d’Erfarung vum Rock-A-Field virsiichteg, seet de Michel Welter, deen d’Iddi awer och net komplett ausschléisst:
De Festival ass jo immens jonk, en ass nach gréng hannert den Oueren. Ech wéilt elo emol fir d’éischt gär deen 1 Dag do etabléieren an da kucke mer wou et higeet.
Nach ass déi 3. Editioun net amgaang, ma d’Aarbecht fir déi 4. leeft awer schonn. De Booking bei den Agenten zu London wier dëst Joer allerdéngs aussergewéinlech fréi:
Well et e Pandemie-Joer ass, wou d’Programmatioun vum Summer zu 80% reportéiert ass. Se hunn näischt ze dinn a wëllen onbedéngt den nächste Summer buchen.
De Siren’s Call hätt dem Michel Welter no op alle Fall säi Public, an als Konzept Uklang fonnt.