Den Ouschterconcert mam Orchestre Philharmonique du Luxembourg an der Philharmonie huet klassesch Musek mat reliéisem Charakter um Programm gehat. An zwar vun engem Wiener Museker, dee virun 250 Joer gelieft huet: dem Josef Haydn.
Déi reliéis Fester, wéi Chrëschtdag an Ouschteren, hunn nach ëmmer ganz staark dat gesellschaftlecht Liewe beaflosst. Dass d’Leit fréier bei all Geleeënheeten an d’Kierch gaange sinn fir e Gottesdéngscht, war fir si eppes Selbstverständleches. Dat huet hirem reliéise Liewen entsprach an et war och e gesellschaftleche Muss.
Deementspriechend sinn déi Haaptfester och mat vill Pomp gefeiert ginn. Besonnesch do natierlech, wou d’Ëmfeld gutt war, an de Stied zum Beispill. D’Musek war ëmmer e groussen Deel vum Gottesdéngscht a reliéis Musek ass bei alle Geleeënheeten och ausserhalb vu Kierchen opgefouert ginn,.
Déi bekannten Museker hu sech et net huele gelooss, reliéis Themen a Musek ëmzesetzen. Sou och de Josef Haydn mat sengem Stéck fir d’Passiounszäit: Die 7 letzten Worte Jesu am Kreuze.
Interessanterweis ass den Optrag fir dëst Stéck aus Cadiz an Andalusien komm. Den Haydn war um spueneschen Haff bekannt a geschätzt. Sou erkläert sech dat. An d’Spuenier feiere jo och haut nach d’Passiounswoch an Ouschteren mat enger grousser Freet.