Schro gefallOzzy Osbourne seet sämtlech Concerte fir 2019 of

RTL Lëtzebuerg
De britesche Rockstar Ozzy Osbourne huet en Donneschdeg all seng Concerte fir 2019 no enger schroer Chutte annuléiert.
© AFP Archivbild

De 70 Joer ale Sänger ass immens enttäuscht iwwert de Virfall: "Ech hu keng Wierder, fir auszedrécken, wéi frustréiert, rosen an depriméiert ech sinn, fir net kënnen op Tour ze goen". Den deemolege Sänger vun der Heavy-Metal-Band "Black Sabbath" huet leschte Mount missen operéiert ginn, nodeems hie bei sech doheem zu Los Angeles gefall war.

Schonn am Januar huet den Osbourne wéinst enger schwéierer Infektioun un den Otemweeër e puer Concerten an Australien, Japan, Neiséiland an Europa missen ofsoen. Optrëtter ënner anerem zu München, Hamburg a Berli goufe vu Februar an den Hierscht geréckelt. Och dës Datumer kënnen elo net méi agehale ginn.

E wéilt elo sou séier wéi méiglech nees gesond ginn an seng Tour fäerdeg maachen.

Et ass iwwregens déi lescht Tour fir de 70 Joer ale Museker. D'Concerte sollen am Februar 2020 sinn. Sämtlech Ticketen bleiwen an där Zäit valabel. Festival-Optrëtter ginn awer net nogeholl.

Back to Top
CIM LOGO