An der Kulturfabrik"PAPAYA" - e pluridisziplinäre Projet

RTL Lëtzebuerg
Den 12. an 13. Mee gëtt de pluridisziplinäre Projet "PAPAYA" fir d'éischte Kéier zu Esch an der Kulturfabrik gewisen.
© Shade Cumini

“PAPAYA” ass een “afro-feministesche Projet”, bei deem et ënner anerem vill ëm d’mental Gesondheet vu Leit, déi vu Rassismus betraff sinn, geet. Lancéiert gouf de Projet 2019 vun der Kënschtlerin Jennifer Lopes Santos. Schlussendlech sinn nach den Eric G.Foy fir d’Musek a Melissandre Varin fir d’Konzept, Kreatioun an Interpretatioun dobäikomm.

Jennifer Lopes Santos am Interview
Jennifer Lopes Santos am Interview

Am Februar 2022 hu si eng éischt artistesch Residenz zu Coventry an England gemaach, suivéiert vun enger zweeter ufanks Mäerz am TROIS C-L an enger drëtter elo an der Kulturfabrik. Hei wäert den 12.Mee dann och déi offiziell Premiere vum Stéck sinn.

Fatima Rougi am Interview
Fatima Rougi am Interview

Nieft der Performance u sech goufen op all Plaz, wou d’Ekipp eng Residenz hat, och Workshoppen a Konferenzen ofgehalen. D’Iddi dohannert wier et, Betraffenen d’Wuert ze ginn a gläichzäiteg de Publikum méi aktiv an de Projet anzebezéien. Ausgangs Abrëll war dann och erëm eng Konferenz an der Kulturfabrik.

Georges Goerens am Interview
Georges Goerens am Interview

“Dës Konferenz war bezunn op jonk, schwaarz Fraen an hir mental Gesondheet”, erkläert d’Jennifer Lopes Santos. “Eis Invitée war d’Estelle Deprie vu “semblant de rien”. Dat ass eng Instagram-Säit, déi spezifesch Thematike presentéiert an op eng pedagogesch Aart a Weis erkläert. Bei der Konferenz ass et drëms gaangen, wou d’Stereotyppen ufänken a wat se kënnen ausléisen.”

“PAPAYA” ass eng Produktioun vun der asbl Finkapé an ass vun der Kulturfabrik koproduzéiert ginn. Méi Informatiounen zum Projet an Tickete ginn et hei.

Back to Top
CIM LOGO