Mando Diao am AtelierPerfekt Mëschung aus alen Hits an neie Lidder

Pierre Weimerskirch
Et war ee vun deene Concerten, déi een net sou séier vergësst. Um Sonndegowend sinn d'Fans vu Mando Diao voll op hir Käschte komm.
© Pierre Weimerskirch

Et war net déi éischte Kéier, wou d’schwedesch Rockband am Atelier gespillt huet. Och dës Kéier hu si et fäerdeg bruecht d’Energie an hir Léift zur Musek an deem dach intime Kader eriwwer ze bréngen. De Sall war ausverkaaft.

Perfekt Mëschung aus alen Hits an neie Lidder

D’Atmosphär war elektriséierend, mat de Fans déi (bal) all Lidd matgesongen hunn.

D’Band gëtt et elo iwwer 20 Joer, gegrënnt gouf Mando Diao am Joer 1999. Hir Wuerzele ginn awer méi wäit zréck, dat op d’Band mam Numm Butler. Mëtt de 90er Joren hunn de Björn Dixgård (Gesang a Gittar) an de Keyboarder Daniel Haglund sech fonnt an hu vun do un zesumme Musek gemaach, och wann dësen eng kleng Auszäit vu Mando Diao geholl huet, a vun 2011 nees mat op Tour gaangen ass.

De Concert war eng perfekt Mëschung aus alen Hits an nei Lidder. D’Set-Lëscht fënnt een um Enn vum Artikel.

Musikalesch Evolutioun fënnt Héichpunkt an neiem Album

Mando Diao huet rezent den 10. Studioalbum mam Numm “Boblikov’s Magical World” erausbruecht. Den Album bitt eng nei Perspektiv op d’Musek vu Mando Diao an et ass eng spannend Rees duerch hir kreativ Gedanken. Mat Lidder wéi “Get It On”, beweist d’Band hir Fäegkeet, fir nei an innovativ Musek ze schafen. Och wa villäicht deen een oder anere Fan vun der éischter Stonn sech mat dëser Musek net méi grad esou gutt identifizéiere kann.

Schweden kommen ëmmer nees gär op Lëtzebuerg

Mando Diao an den Atelier sinn al Bekannten. Um éischte Rock a Field am Joer 2006 huet Mando Diao um Herschesfeld gespillt. E Museksfestival, deen an de Joren duerno d’Lëtzebuerger Concertszeen gepräägt a verännert huet.

Och duerno sinn d’Rocker aus Schweden ëmmer nees zu Lëtzebuerg opgetrueden. An dass et hinnen am Grand-Duché Spaass mécht ze spillen, hu se um Sonndegowend androcksvoll gewisen.

Set-Lëscht

FRUSTRATION

ONE LAST FIRE

FIRE IN THE HALL

STOP THE TRAIN

PRIMAL CALL

LONG LONG WAY

ALL THE THINGS

MONEY DOESN’T MAKE YOU MAN

OCHRASY

LONG BEFORE ROCK’N’ROLL

THE BAND

RABADAM CHING

DOWN IN THE PAST

GLORY

GET DOWN

A SCREAM FOR YOU

ONE TWO THREE

BLACK SATURDAY

WAKE UP GET IT ON

DANCE WITH SOMEBODY

LOVE LAST FOREVER

THE FAMOUS BOW

QUTRO

Back to Top
CIM LOGO