No 35 Joer"Phantom der Oper" eng leschte Kéier um Broadway

RTL Lëtzebuerg
No bal 14.000 Virstellunge war et um Sonndeg den Owend déi leschte Kéier, dass "Phantom der Oper" um New Yorker Broadway gelaf ass.

Zanter dem Debut am Januar 1988 huet de Musical vum Andrew Lloyd Webber ronn 20 Milliounen Leit ugezunn an iwwer 1,4 Milliarden Dollar agespillt.

Rezent sinn d’Visiteurszuelen awer zeréckgaangen. No der 18-Méint-laanger Coronapaus hat d’Stéck Schwieregkeeten, nees un déi al Succèsen unzeknäppen.

De Rekord fir dat Broadway-Stéck, dat am längste leeft, hat de Musical schonn den 9. Januar 2006 gebrach. Iwwer d’Joren hunn de Produzenten no ronn 6.500 Leit fir d’Stéck geschafft, dorënner 450 Schauspiller.

Déi lescht Opféierung e Sonndeg war ausverkaf. Et war d’Nummer 13.981 an 1.600 Zuschauer hunn applaudéiert, wéi den Andrew Lloyd Webber zesumme mat der aktueller Crew eng leschte Kéier op d’Bün komm ass.

Eigentlech sollt schonn am Februar Schluss sinn, ma d’Annonce vum Enn vun der Show hat den Ticket-Verkaf nach emol ugedriwwen, sou dass den Datum op Mëtt Abrëll geréckelt gouf.

No der Ofschlossfeier soll den Theater elo mol vu Grond op renovéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO