60. Biennale vu VenedegProjet vum Andrea Mancini & Every Island zeréckbehale fir Lëtzebuerger Pavillon

RTL Lëtzebuerg
All zwee Joer steet zu Venedeg vu Mee un alles am Zeeche vun der zäitgenëssescher Konscht. Déi nächst ass 2024 an d'Preparatioune lafe schonn.
© Andrea Mancini & Every Island

Mëtt Januar gouf en Appell fir Kandidature lancéiert. 22 Projete koumen eran. De 25. Abrëll koum de Jury fir de Lëtzebuerger Pavillon nach emol zesummen an hunn tëscht de véier finalen Artisten-Ekippen d’Finalisten erausgesicht. Zeréckbehale gouf eestëmmeg de Projet “A Comparative Dialogue Act” vum Andrea Mancini & Every Island.

Fir de Jury stoung fest, dass bei dësem Projet souwuel de Fong wéi och d’Form der zäitgenëssescher Konscht am nooste kënnt. De Kënschtlerkollektiv konnt deemno domat iwwerzeegen, well fir si de Lëtzebuerger Pavillon als Plaz gesinn, wou ee sech kënschtleresch entfale kann. De Projet “A Comparative Dialogue Act” ass deemno wéi en oppene Soundlab konzipéiert, wou verschidde Prozesser bei de Visiteure sollen aktivéiert ginn an invitéiert ginn, wärend der Biennale e “Paysage sonore” als Aart Collage ze kreéieren. D’Téin, déi engem zur Verfügung stinn, gi vun experimentellen a melodesche Strukture bis hin zu Stëmmen a Sproochen.

D’Iddi hannendrun: déi jonk Generatioun u Kënschtler, respektiv Klangkënschtler, solle gemeinsam de “Sound vun der Biennale” produzéieren, dat dann akustesch an de Raimlechkeeten an an d’Architektur vum Pavillon integréiert ginn.

Déi 60. international Exposition d’art contemporain, d’Biennale di Venezia, ass vum 20. Abrëll bis de 24. November 2024.

PDF: Schreiwes vu Kultur l lx

Back to Top
CIM LOGO