
1996 gouf d’Band zu Seattle gegrënnt. Eenzeg Konstant bis haut ass de Frontmann Josh Homme. De Museksstil huet an de Jore kaum geännert. Eng Mëschung aus Rock, Blues an deels elektroneschen Elementer kombinéiert mat der staarker Stëmm vum Frontsänger mécht d’Musek vun den amerikanesche Rocker aus.
Als Intro vum Concert gouf de Filmsong Smile vum Charlie Chaplin sengem Film Modern Times ugeklongen. Mat Regular John an No one knows huet d’Band nogeluecht.
Den Josh Homme huet e puer Lidder gebraucht, bis hien zu Lëtzebuerg ukomm ass a seng Stëmm duerch d’Kläng vu Gittar, Bass an Drums duerchgedrongen ass.
De Concert e Sonndeg den Owend war eng Rees duerch hir 8 Studioalben. Promouvéiere mécht Queen of the Stone Age den Ament den Album In Times New Roman, deen dëst Joer erauskoum. Aus dësem hu si ënnert anerem Carnavoyer gespillt. Insgesamt ass dat ee méi melancholeschen Album.
Den Josh Homme verschafft op der aktueller Plack ënnert anerem seng Kriibserkrankungen, ma och de Verloscht vun enke Frënn an de leschte Joren. Déi brittesch Musekszäitschrëft NME beschreift de leschten Album als deen trauregsten a komplizéiertsten an der Geschicht vun der Band.
Viru Jore stoung de Sänger ëmmer nees an der Kritik, well hien alkoholiséiert op der Bün stoung. Och krut hien am Joer 2008 virgehäit, wärend engem Concert homophob Aussoe gemaach ze hunn. Nach ëmmer gëtt hie sech gär als Bad Boy op der Bün, ass zum Deel awer méi brav ginn.
D’Set-Lëscht vum Owend gouf ëmmer nees op d’Kopp geheit. An der Mëtt vum Concert goung d’Fro an de Public, wat dësen dann elo wéilt héieren. Et huet der Stëmmung guttgedoen. D’Museker op der Bün hu sech ameséiert: In the Fade a Misfit Love gouf sech vun de Fans gewënscht.
Make it with Chu ass e weidere bekannte Song vun den Amerikaner, wou der vill an der Rockhal textsécher konnte matsangen. Bei Straight Jacket Fitting ass de Frontmann duerch d’Leit gaangen, vill Erënnerungsfotoe goufe gemaach.
Als Zugab goufe Paper Machete an de Welthit Go with the flow gespillt. De leschte Song mat enger lueser Intro.
Och wann de leschten Album vu Queens of the Stone Age méi melancholesch kléngt, esou ass d’Rockmusek dach eng, déi fir gutt Laun suergt. A sou ass et net fir näischt, dass de Concert mat engem Laachen ugefaangen huet a mam Opruff mam “Flow” matzegoen, opgehalen huet.
An engem Interview mat MTV hat den Josh Homme den Titel Go with the Flow esou beschriwwen: “I wrote it because sometimes I feel like people have forgotten how to become fulfilled. And I think a lot of that has to do with standing in the way of yourself.”