Festival de CannesRegisseurin Greta Gerwig iwwerhëlt d'Presidence vun der Jury
D'Regisseurin vum erfollegräiche Blockbuster "Barbie" wäert am Mee d'Jury vun der 77. Editioun vum Filmfestival zu Cannes presidéieren.
Dat huet d’Organisatioun vum Festival en Donneschdeg de Moien annoncéiert. Déi 40 Joer al US-Amerikanerin ass och Schauspillerin, ënner anerem bekannt aus “White Noise”, an Dréibuchautorin.