Den Helge Schneider bréngt säin Humor a Form vu Parodien, déi hie mat Jazzmusek verbënnt zum Ausdrock. An d’Resultat ass dacks eng ganz absurd Geschicht. 2003 huet dem Helge Schneider säin éischt Theaterstéck zu Bochum Première gefeiert. E Stéck mam Titel “Mendy – das Wusical”. An den Titel ass Programm.
Wéi seet een esou schéin: “Das Leben ist kein Ponyhof”. Souguer beim Theaterstéck Mendy – das Wusical ass dat de Fall. Och wa sech hei quasi alles ëm d’Päerd dréint, geet et awer bei wäitem net just ëm eng idealiséiert an harmonie-erfëllte Leidenschaft fir dat Déier. Am Helge Schneider sengem Text kann ee villes erwaarden. Vill Komik, vill Parodie, ma awer och vill Themen, déi een net just iwwerflächlech bewäerten dierf.
Den Tom Dockal:
“Et dierf ee sech fir de Blödsinn net ze schued sinn, mee et dierf ee sech awer och net mam Hënner drop sëtzen, sou datt et just Blödsinn ass. Et ass eben net just Blödsinn. Wann ee just dat bespillt a sech seet: Et ass Helge an et ass immens witzeg, da geet den Owend bueden. Mir hu probéiert eis Helge-Bremsen heiansdo ze zéien.”
Mendy - das Wusical erzielt d’Geschicht vun enger dysfunktionaler Famill, wou jidderee seng Probleemer huet. Et ass e wëlle Ritt an den Absurdistan oder och Kannertheater fir Erwuessener.
D’Wendy-Heft ass och bekannt fir seng kleng extra Accessoiren, wéi Sticker, Stëfter oder Pouster. Mendy - das Wusical ass esou gesinn eng grouss Këscht voller Extraen.
De Jacques Schiltz:
“Wie mat Wendy-Hefter opgewuess ass, kritt hei en theatraalt Wendy-Heft, mee wien och e bësse Strindberg gelies huet, dee kritt och hei säi Strindberg. Rainer Maria Rilke, Bertolt Brecht a Kurt Weill sinn och nach dra verstoppt. Dat kënnt och net vun eis, mee vum Helge am Original.”
Quatsch mat Jazz – sou beschreift den Helge Schneider sech selwer. Wat Mendy - das Wusical ausmëscht, ass datt den Helge net laang ëm de Bräi schwätzt. Hie reduzéiert alles op seng Essenz, sief et am Text oder an der Musek. 10 Schauspiller an 3 Jazz-Museker stinn dofir am Kapuzinertheater op der Bün.
Nach emol de Jacques Schiltz:
“Et funktionéiert iwwer laang Strecke mat de selwechte Reegele wéi all aner Theaterstéck och. An da brauch een am Fong nëmmen nach dat ze maachen, wat do steet, sech dee Fräiraum ze gënnen, deen ee sech idealerweis ëmmer gënnt an dann huet een e Wusical.”
D’Regie vu Mendy – das Wusical hunn den Tom Dockal, Jacques Schiltz a Claire Wagener iwwerholl.
An de Schauspillrollen: Nickel Bösenberg, Al Ginter, Philipp Alfons Heitmann, Anne Klein, Gregor Knop, Rosalie Maes, Dominik Raneburger, Konstantin Rommelfangen, Annette Schlechter a Pitt Simon.
Musek: Misch Feinen, Jitz Jeitz an Arthur Possing
Vum 12. bis den 18. Mee kann een Mendy - das Wusical an de Kapuzinertheater kucke goen.