Den Objektiv gouf héich gestach: 200.000 Visiteuren d’Joer.
Se erziele selwer hir eege Geschicht, dank moderner Technik. D’Péitruss-Kasematten, déi op d'17. Joerhonnert zeréckginn. Wéi de Vauban éischt Gäng, déi ënnert spuenescher Herrschaft an d’Fielsen gemeesselt goufen, ausgebaut huet. Iwwer d’Joerzéngt ass ee weltwäit eemolege Verdeedegungssystem entstanen, mat deem bis haut och en eemolegt Detail verbonnen ass.
“Mir weisen, wat tatsächlech hei passéiert ass. Hei gouf Schampes gelagert. Hei goufe Béierfester organiséiert. Hei gouf Theater gespillt. Hei goufe Champignone gezillt. Awer ni geschoss.”, esou den Tido Brussig, deen d’Visitt vun de Kasematten nei an Zeen gesat huet.
Et gouf ni geschoss an de gréisste Kasematte weltwäit. Wuel verstanen am Kader vun enger Schluecht. Déi nei Zeenographie bréngt dann nees en Detail un d’Liicht. 1921 gouf fir d’lescht mat der Kanoun geschoss, déi an der Kasematt ausgestallt ass. Salutschëss, fir d’Gebuert vum Prënz Jean ze feieren.
Am Juli 1933 waren d’Dieren eng éischt Kéier fir Visiteuren opgaangen. Wärend dem Zweete Weltkrich goufen d’Kasematten dunn als Loftschutzbunker genotzt. Plaz war deemools ënnert der Stad fir eng 35.000 Leit.
Wéi 2014 d’Entscheedung gefall ass, aus Sécherheetsgrënn d’Péitruss-Kasematten zouzemaachen, war dat ënner anerem, well d’Elektresch, wat wärend dem Krich installéiert gouf, net méi de modernen Uspréch entsprach huet.
Den Ingenieur Jean Hertges erënnert sech, wéi hien 2015 eng éischt Kéier ënnert d’Stad erofgoung. Op Plaze stoung Waasser. Diller ware gefault. Den Defi war kloer. Et goung net just drëms, d’Elektresch nei ze maachen. D’Kasematten hunn och misse sanéiert ginn, fir d’Waasser z’evakuéieren.
Den Direkter vum Luxembourg City Tourist Office, den Tom Bellion, erënnert sech drun, wéi de Schantje mat der Zäit evoluéiert huet. Vun Aarbechten, wou et drëms goung, d’Kasematten un d’Zäit vun haut unzepassen, bis eriwwer bei d’Installatioun vun enger moderner Zeenographie.
D’Entrée vun de Péitruss-Kasematten ass nieft der Gëlle Fra. Fir d’Visitt, déi 15 Euro kascht fir Erwuessener, soll een eng 45 Minutten aplangen. Op ass deen Deel vun de Kasematten elo 7 Deeg op 7. Fest Schong sinn net vu Muttwëll. Wéini d’Kasematten um Bock, un deenen den Ament och restauréiert gëtt, nees opginn, ass den Ament nach net gewosst.