
Vun Abrëll bis Juli wëllen de Mick Jagger (80), de Keith Richards (79) an de Ronnie Wood (76) duerch d’USA touren, ugefaangen den 28. Abrëll zu Houston, Texas. Virop leschte Concert vun der Tour fir hiren neien Album “Hackney Diamonds” wäert de 17. Juni zu Santa Clara am US-Bundesstaat Kalifornien sinn. Concerten an Europa goufe bis ewell keng annoncéiert.
“Hackney Diamonds” ass den éischten Album mat eegene Lidder zanter 18 Joer an de 24. Album zanter der Grënnung vun der Band 1962. Schonn am Oktober no der Verëffentlechung vum Album, deen a sëllege Länner Plaz eent an den Albumcharts erreecht huet, hat de Mick Jagger Pläng fir eng Tour ugedeit. “Mir hoffen op Tour ze goen”, sot de Frontmann vun de Rolling Stones an engem Interview mat der Noriichtenagence DPA. “An ech hoffen, datt mir e puer vun den neie Lidder spille wäerten.”
Nieft neie Lidder wéi “Angry” oder “Mess It Up” géingen awer och beléift Klassiker wéi “Start Me Up”, “Gimme Shelter”, “Jumpin’ Jack Flash” an “Satisfaction” bei de Concerten net feelen, wéi d’Museker an engem Schreiwes zu der “Hackney-Diamonds"-Tour verspriechen.