
De Pilot zielt am ‘Café des artistes’ awer net just iwwer seng sportlech Héichten an Déiften. Dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten verréit hien méi iwwer säin Teddy, deen him haut nach Gléck bréngt, iwwer seng Schwëster déi Zänndoktesch ass awer kee Blutt verdréit.
Si kommen am Laf vun der Woch awer och op en Accident ze schwätzen, wat him bal d’Liewen kascht huet a wat déi rosa Faarf fir hie perséinlech bedeit.
Piano: Marc Schmidt
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.