Ëmmer um 17.10 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Edmond Ries

RTL Lëtzebuerg
Den Edmond Ries ass bekannt a beléift well hien mat zwee Féiss um Buedem steet an eng Sprooch schwätzt déi d'Leit verstinn.

Wéi verleeft de klassesche Wee vun engem Paschtouer? Mat senger Chrëschtgeschicht am Stall erënnert hien all Joer u seng Wuerzelen.

Net sou bekannt ass, dass un him e Fussballprofi verluer gaangen ass, an och als Acteur am Theater hätt hien Karriär maache kënnen, a net just als Doubel vum Robin Williams.

Am ‘Café des artistes’ am Gronn beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten geet et och ouni Altor a Kellech a nawell beréiert hien d’Leit mat senge Geschichten aus dem richtege Liewen.

Piano: Marc Schmidt

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am Café des artistes wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.
Back to Top
CIM LOGO