Ëmmer um 17.10 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Jean-Claude Ernst

RTL Lëtzebuerg
Mat senge gutt 2 Meter stécht de Jean-Claude Ernst hei am Land ënnert de Pressefotografen eraus.

Zesumme mam Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten bliedert hien duerch säi perséinleche Fotoalbum. Hien huet Grenzbarrièren zerseet, mat 10 Joer de Grand-Duc Jean begéint an och an anere Kinnekshaiser steet hien op der Lëscht vun den akkreditéierte Pressefotografen. Sean Connery, Al Pacino a Marthe Keller, awer och Schröder a Putin huet hie geknipst an de Berlusconi ass him souguer iwwer de Fouss gefall.
Piano: Marc Schmidt

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am Café des artistes wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.
Back to Top
CIM LOGO