
Op, hannert, an och alt emol ënnert der Bün huet hie seng Erfarungen gesammelt. Als Sänger vun ‘T42' oder ‘Dream Catcher’ oder och Organisateur vun internationale Gréissten. Wéi ass et virun engem Robbie Williams opzetrieden oder iwwer wat schwätzt een, wann een mat engem Wim Wenders, Bono a Bradley Cooper un engem Dësch sëtzt?
Am ‘Café des artistes’ zielt hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten och iwwer seng Zäit an der Liichtathletik, seng grouss Léift zu BD’en an iwwer seng Patchworkfamill.
Piano: Marc Schmidt
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.