Ëmmer um 17.20 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Pascal Triebel

RTL Lëtzebuerg
D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.
© RTL

De Pascal Triebel ouni Vëlo kann ee sech net virstellen. Et gëtt keen Dag wou hien, och mat 56 Joer, net drop klëmmt fir seng Kilometeren ze dréinen.

Am Bistrot de la Presse geet et awer manner ëm d’Coursen déi hien gewonnen huet, mä hien zielt dass en souguer eng Kéier eng Geess oder säin Gewiicht am Zocker als Präis krut. Hie verréit dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten wéi hien ëm seng Fra gekämpft huet, dass hien keng Drëps Alkohol verdréit a firwat hien eng Doppingkontroll sause gelooss huet.

Um Piano: Erny Delosch

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am Bistrot de la Presse wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO