
Hiren éischten Optrëtt hat d’Eva-Maria Hagen am Joer 1953 mam berüümte Berliner Star-Ensembel ënnert der Regie vum Berthold Brecht. Doropshin ass Si zur erfollegräichster Schauspillerin vun der DDR avancéiert. Doduerch, datt Si meeschtens blond Frae gespillt huet, huet ee si an an der DDR och dacks mam Brigitte Bardot verglach. 1977 huet Si dunn och eng Karriär als Sängerin lancéiert. Doriwwer eraus huet Si am héijen Alter och ugefaange Bicher ze schreiwen. Nodeems Si am Joer 1976 e Beruffsverbuet vun der sozialistescher Regierung operluecht krut, ass Si mat hirem deemolege Partner an hirem Meedchen an d’Bundesrepublik geflücht, wou si en neit Liewen ugefaangen huet.
D’Eva-Maria Hagen hannerléisst eng Duechter (Nina Hagen) souwéi zwee Enkelkanner (Cosma Shiva Hagen an Otis Hagen).