Concertssummer um KierchbiergScorpions, Sam Smith a Calvin Harris spillen am Juli virun der Luxexpo

RTL Lëtzebuerg
Donieft huet den Atelier annoncéiert, dass den däitsche Rapper Cro wäert um USINA-Festival zu Diddeleng optrieden, dat den 1. Juni 2024.

Den Atelier huet e Mëttwoch säi Joresbilan gezunn an dobäi eng Partie Concert-Highlights fir 2024 annoncéiert. Déi däitsch Hard Rock-Legenden Scorpions wäerten, nom Succès vun de Luxexpo Open Air Concerten vun zejoert, nächst Joer den 2. Juli hei e Concert spillen. Fir Fans vu klasseschem Rock ass dat natierlech net ze verpassen.

Fir d’Fans vun elektronescher Musek kënnt de momentan wuel erfollegräichsten EDM-Kënschtler op Lëtzebuerg, dat fir déi éischte Kéier iwwerhaapt. De schottesche Museker Calvin Harris wäert Samschdes de 6. Juli 2024 seng Lëtzebuerger Première virun der Luxexpo hunn.

© David Winter / RTL

Den 3. grousse Museker, deen 2024 wäert um Luxexpo Open Air 2024 optrieden, ass de brittesche Grammy-Gewënner Sam Smith. Virun allem seng Lidder “Stay with me” oder “Writing’s on the Wall” aus dem Joer 2012 dierften deene meeschte Leit bekannt sinn.

D’Ticketen fir dës 3 Concerten ginn e Freideg, 15. Dezember 2023 um 10 Auer an de Virverkaf, dat wéi ëmmer iwwert atelier.lu.

Weider Highlights fir 2024 sinn d’Alternativ-Rock-Band Jane’s Addiction, d’Supergroup aus Metal a Mathcore Mr. Bungle, d’Glam-Metaler vu Steel Panther an de Songwriter Chris Isaak.

© David Winter / RTL

Fir d’Frënn vum däitsche Rap ass et dann den däitsche Rapper CRO, deen als éischte Kënschtler fir den USINA-Festival zu Diddeleng 2024 annoncéiert gouf. Dëse Festival kënnt fir déi 3. Editioun zeréck op Diddeleng, organiséiert an Zesummenaarbecht tëscht der Ville de Dudelange, dem Atelier an dem Gudde Wëllen.

Ganz nei ass dann de Projet “Immersive Live”, deen zesumme mat der “Horgeschädigten-Beratung” an d’Liewe geruff gouf. Hei geet et drëms, Leit, déi daf sinn oder ganz schlecht héieren, eng ganz nei Live-Erfarung unzebidden, dat mat Hëllef vun engem Kit, deen d’Leit d’Musek spiere léisst. Méi Informatiounen dozou ginn et dëse Weekend bei eis op RTL.lu.

Back to Top
CIM LOGO