
Zanter der Verëffentlechung vun der Serie huet d’Serie 1,15 Milliarde Streaming-Stonne gesammelt, eleng 301 Millioune Stonne lescht Woch. An 93 Länner weltwäit ass “Stranger Things” ënnert den Netflix-Top-10 ze fannen. Den éischten Deel vun der leschter Staffel ass schonn Enn Mee erschéngt, déi lescht zwou Episode lescht Woch.
Do virdrun ass et just enger Netflix-Serie gelongen, de Meilestee vun enger Milliard Streaming-Stonne bannent engem Mount z’erreechen. Nämlech “Squid Game”. Déi koreanesch Thrillerproduktioun ass mat 1,65 Milliarde Stonne weiderhin de Rekordmeeschter.
An der Reegel zielt Netflix d’Streaming-Stonnen eréischt 28 Deeg no der Verëffentlechung, mellt “Variety”. Dowéinst ginn d’Stonnen, déi d’User wéinst “Stranger Things 4" hannert dem Ecran verbréngen, nach bis Enn vum Mount gezielt.